Ateliers Pédagogiques
Nos médiateurs et médiatrices proposent des ateliers pour tous les niveaux de l’école fondamentale (cycles 1 à 4), basés sur une approche créative et participative. Les enfants découvrent l’histoire et l’art de manière sensorielle, active et ludique : ici, on ne se contente pas d’expliquer, on expérimente !
Métiers oubliés, outils anciens, récits de la vie des mineurs ou encore époque romaine prennent vie au fil des ateliers, permettant aux jeunes participants de découvrir le patrimoine local de façon concrète et mémorable.
Langues : allemand, français, luxembourgeois
Ateliers adaptés aux groupes scolaires
Contact et réservations
kabutz@kayl.lu
the workshops
in the catalogue
below.
D’Schüler*inne léieren Basistechniken wéi Archeologen ausgruewen. Si kréien d’archeologescht Aarbechtsgeschier erkläert a gruewe selwer op eiser fiktiver Ausgruewung aus. Si léieren dokumentéieren, amoossen, zeechnen. Zum Schluss kennen si Originalobjeten wäschen, bestëmmen an datéiere.
An eiser Brochüre-Fabrik fäerdegen d’Kanner um Fléissband d’Brochür vun de pedagogeschen Atelieren aus dem Musée un. Duerno diskutéiere mir hir Andréck vun dëser Aarbecht. Wéi waren d’Ufäng a wéi gesäit et haut an de Fabriken aus.
Am Haff vum Musée gesäis du, wéi de Kali a seng Famill d’Feier ugemaach hunn a wéi si op d’Juegd gaange sinn.
An eisem Steenzäit-Duerf spills du an den Zelter, verkleeds dech a léiers d’Schaffgeschier an d’Déieren aus dëser Zäit kennen. An eiser Hiel entdecks du net nëmmen d‘Hielemolerei…
Mir entdecke verschidde Réimerspiller. All Schüler*in baut e Säckelche mat enger Réimescher Millchen a léiert, wéi dat Spill funktionéiert.
Mir kucken eis u wéi d’Réimer geschriwwen hunn. All Schüler*in baut eng Wuestafel mat Stilus “Griffel”. Dobäi gi mir dat réimescht Rezept gewuer, wéi si de Wues behandelt hunn, fir dass ee gutt drop schreiwe kann.
Am Musée kanns du déi al Maschinnen an d’Schung aus der Téitenger Schungfabrik bewonneren.
Mir zielen dir d’Geschicht vum „Däimerléck an de Siwe Meile Stiwwelen“.
Duerno kanns du am Schungbuttek spillen, Schung botzen, fleegen a Spiller mat de Schung maachen.
D’Schüler*innen entdecken an erliewen um eegene Leif, wéi schwéier et war an enger Minn ze schaffen a wéi schlecht an ongerecht hir Aarbecht bezuelt gouf. Um Enn vum Dag musse se hire Muerkstrikot och nach selwer op engem Wäschbriet wäschen.
Mir probéieren unhand vun enger Maquette déi verschidden Elementer vum Minettswee aus: (Silo; Quai; Bremsbunn). Dono gi mir en Deel vum Minettswee of a kucken eis déi jeeweileg Iwwerreschter am Original/Nobau un a kréien Erklärungen dozou.
Du léiers d’Matière “Leem” kennen a wéi e verschafft gëtt. Beim Gestallten gi mir ganz op Themen a Wënsch vun den eenzelne Klassen an.
Nom Dréchnen an dem éischte Brand, muss du däin Objet mat enger Glasur usträiche fir datt s de en am Alldag benotzt kanns.
Vu bal all Objet deen zu dësem Theema am Geschichtsunterrecht behandelt gëtt, hu mir Originaler oder Replicken, déi d’Schüler*innen erkläert kréien, upaken an och selwer ausprobéiere kënnen.
Mir léiere verschidde Methode kenne fir Feier ze maachen (Steenzäit-Mëttelalter). D’Schüler*inne bauen eng Speerschleider wéi se an der Alsteenzäit benotzt gouf a pechen d’Plomme mat Bierkepech, dee se selwer hierstellen, a léieren domat ze schéissen. An der Mëttesstonn ass Steenzäit-Kachen ugesot.
Am Musée ass de Stempel vun der Schungfabrik ausgestallt, mat deem de Logo vun der Fabrik op d’Schungkëschten gestempelt gouf. Bei eis am Atelier kanns du dir selwer e Stempel designen an da mat Lino-Geschier aus enger Gummiplak schnetzen.
Wat huet et mam falsche Wopen vun der käler Gemeng op sech? Wéi een ass da lo dee Richtegen? Firwat huet ee fréier Wope gebraucht a wéi ass hieren Opbau? Gëtt et villäicht schon e Wopen vun denger Famill.
An dann ass et un dir en eegen Wopen ze entwerfen, ze seeën an ze molen.
An eisem Musée geschéien a leschter Zäit ganz komesch Saachen. Mir brauchen deng Hëllef fir dat Rätsel ze léisen. Op Fotoën hu mir festgehalen, wat geschitt ass. Mee wat huet de Ritter Simon an déi käler Waasserbuerg domat ze dinn?
Viru Boabelendag (4. Dezember) bidde mir am Musée en Atelier un fir eise „Patrimoine immateriell“ ze valoriséieren.
An eiser Brochüre-Fabrik fäerdegs du um Fléissband d’Brochür vun de pedagogeschen Atelieren aus dem Musée un. Duerno diskutéiere mir deng Andréck vun dëser Aarbecht. Wéi waren d’Ufäng a wéi gesäit et haut an de Fabriken aus?